Gekacht gouf vun engem Chefkach, geliwwert an agepaakt huet d'Ekipp vun der Table Ronde.

Take Away an Iessensliwwerunge gehéieren den Ament jo zum gewinnte Bild dozou. Eng bëssen aner Aart vu Liwwerung huet d'ASBL Table Ronde vu Gréiwemaacher organiséiert. Fine Dining on Wheels, also gehuewent Iessen op Rieder ass hir Alternativ zu engem Charity Diner, dat wéinst der akuteller Lag ofgesot ginn ass. Gekacht gouf vun engem Chefkach, geliwwert an agepaakt huet d'Ekipp vun der Table Ronde. Wei ass d’Aktioun ofgelaf? Wéi eng Logistik stécht dohannert an huet sech d’ Aktioun gelount? Mir ginn Iech en Abléck hannert d'Kulisse vum Fine Dining op Rieder.

Et ass Freideg Owend zu Mertert. Am Joël Schaeffer sengem Restaurant wär normalerweis elo Feierowend. Fir d'Aktioun "Fine Dining on Wheels" geet d'Aarbecht awer elo réischt richteg lass. D'Ekipp vum Restaurant a vu der Table Ronde preparéieren hei ee Véier Gäng Menü. An zwar fir de gudden Zweck. Den Erléis geet duerno un d'ASBL Trisomie 21.

Schonn een Dag am Viraus sti si dofir an der Kichen, well d'Iessen kritt jiddereen heem geliwwert. Dat heescht och, dass all Portioun a Barquette gefëllt muss ginn. An dat sinn der iwwer 1000 Stéck. All Hand déi hëlleft, gëtt gutt gebraucht. An dat dauert dann och gären emol bis spéit an d'Nuecht eran.

Een Dag méi spéit... D'Iessen ass fäerdeg. Elo mussen d'Barquetten awer nach an déi richteg Këschte kommen, fir dass och duerno jidderee säi Menü kritt.

De Pit Maas engagéiert sech schonn zanter 4 Joer an der Table Ronde 5, eng vu 7 där Organisatiounen, déi et zu Lëtzebuerg ginn. Iwwert dat ganzt Joer organiséieren si Eventer a sammele Sue fir de gudden Zweck. Dat grousst Iessen dat si normalerweis ëm dës Zäit maachen, hu si awer missen ofsoen.

Eng Aktioun déi och bei de Clientë gutt ukomm ass. A bësse méi wéi zwou Wochen nom Lancement waren si schonn ausverkaaft.

Déi ganz Aarbecht dréit also och Friichten. Och wann et net dat selwecht wär an ee sech freeë géif, wann een nees all zesumme kéint iessen, sou de Pit Maas. Bis dohinner konnten sech bei der Aktioun awer och elo schonn 106 Stéit freeën iwwert hir gehuewen Iessensliwwerung.