D'Jacky ass dat neit Topmodel vun der 15. Staffel vun der Castingshow "Germany's Next Topmodel". Ganz richt ass d'Finall en Donneschdeg net ofgelaf.

Wéinst dem Corona-Virus ass et déi éischt Finall ouni Public an och d'Heidi Klum war net am Studio. D'Modelmamm war just iwwer Video-Chat op engem Ecran mat dobäi.

© prosieben/Richard Hübner

Nom éischte Laf vum Owend huet dunn eng Kandidatin opgehalen. D'Lijana wier ze vill vum Public am Internet gehaasst a gemobbt ginn, dofir wéilt si een Zeeche setzen a léiwer ophalen.

Donieft hu scho Fans op Instagram spekuléiert, ob d'Gewënnerin net schonn ze fréi eraus war, an zwar an der Instagram Story vum Magasin "Harper's Bazar". An dëser Zäitschrëft kënnt d'Gewënnerin op d'Titelsäit. An der Instagram Story goufen déi potentiell Titelsäite mat de Fotoe vun de Kandidatinne gewissen a just dem Jacky seng hat d'Schrëft vum Titel an enger Faarf.