U sech ass den 22 Joer jonke Monegass haaptberufflech Formel 1-Pilot bei Ferrari.

Ma duerch déi aktuell Coronakris läit säi üblechen Job op Äis. Dowéinst kann hien sech elo emol als Model um Catwalk ausprobéieren.

An do leeft hie fir keen aneren, wéi fir de Poopst vun der Moud perséinlech, den Giorgio Armani. "Den Charles huet e frëndlecht Gesiicht an e sportleche Kierper. Hien ass perfekt fir meng op d'Mooss geschneidert Kostümer", esou den Armani an der Gazzetta dello Sport. Hie selwer hat de jonke Rennfuerer kenne geléiert a war vun him beandrockt.

Aktuell sinn d'Fotoe vum jonke Ferrari-Pilot a bal alle Zäitschrëften, déi sech mat Moud befaassen, ze gesinn.