An Zäite vun der Corona-Kris gëtt et wuel näischt, wat et net gëtt...

En Donneschdeg de Moien hu sech d'Besëtzer vun engem Restaurant zu Köln an Däitschland iwwert déi sozial Netzwierker mat enger Warnung un hir Clientë geriicht.

D'Besëtzer vum Restaurant haten nämlech kleng Fläsche mat Desinfektiounsmëttel preparéiert an dës op hiren Dëscher op der Terrass verdeelt. Net jiddereen huet dat wuel verstanen, well eng Partie Clienten hu gemengt, datt et sech ëm klenge Fläsche mat Drëpp géing handelen an hunn d'Desinfektiounsmëttel gedronk.

Zum Gléck war an de klenge Fläschen nëmmen 10 ml vum Desinfektiounsmëttel dran, sou datt de Leit näischt geschitt ass.

Fir datt sech de Virfall net méi widderhëlt hunn d'Besëtzer vum Restaurant elo Ziedelen op d'Fläsche gepecht, fir datt d'Leit erkennen, datt Desinfektiounsmëttel a keng Drëpp dran ass.