Déi Meescht, déi sech am Confinement net getraut hunn, selwer mat der Schéier drun ze goen, si garantéiert nom Lockdown direkt bei de Coiffer gelaf.

Mä wéi funktionéieren d’Coifferen elo mat deenen neie Sécherheetsmesuren? Wéi geet de Coiffer mat där Situatioun ëm a wat huet hien alles erlieft am Deconfinement? Mir hunn nogefrot.

Niewent dem ëmmer méi grousse Konsum vun Desinfektiounsmëttel passen d'Coifferen och nach op aner Saachen op. Seng Jackett muss ee selwer ophänken, d'Mask ass natierlech obligatoresch, esou ewéi och d'Hänn wäschen.

Wéinst den 2 Meter Sécherheetsofstand, déi och an de Salone musse respektéiert ginn, kéinten nëmmen nach hallef sou vill Clientë gläichzäiteg geholl ginn an och d'Personal hätt misse limitéiert ginn, heescht et vun de Coifferen.