Um Dating-TV-Marché gëtt et eng nei Serie, déi den Ament hefteg diskutéiert gëtt.

An der Show „Labor of Love" sicht eng 41 Joer al Fra net hir grouss Léift, mä de perfekte Som-Spender. Richteg gelies: 15 Männer konkurréieren op der Tëlee, fir de Papp vum ongebuerene Kand vum Kristy Katzmann ze ginn. No ganzer 15 Minutten hunn d'Männer missen e Sperma-Test maachen an direkt an der éischter Folleg vun der Serie goufen d'Kandidate gebieden, eng Prouf an engem sougenannte "Labortruck" ofzeginn. Deejéinegen, deen déi meeschte Spermien ofgëtt, kritt duerno e Präis iwwerreecht.

Dohier dann och den Numm "Labor of Love". Mat Léift huet d'Konzept awer wéineg ze dinn. Där Meenung sinn eng Partie Spectateuren, déi sech via Twitter opreegen. Sou zum Beispill dës Userin: "Sot mir wgl., dass ech net déi eenzeg Persoun sinn, déi entsat ass. Hu mir eis Lektioun net aus mëssgléckte "Bachelor/Bachelorette"-Bezéiunge geléiert? An elo schwängere mir een? Nee. Haalt op. Stop." Ob d'Fox-Sendung hei ze wäit geet, doriwwer scheede sech den Ament d'Geeschter.

Alles nëmmen hallef esou wëll?

D'biologesch Auer vun der 41 Joer aler Kandidatin tickt. Nodeems si sech vun hirem Mann getrennt huet, versicht si duerch dës Show, de Papp vun hirem ongebuerene Kand ze fannen. Fir de Fall wou, huet si esouguer schonn e puer Eezellen afréiere gelooss. Endlech Elterendeel ze ginn - dat wënsche sech och déi 15 männlech Kandidaten.

Wie sech op intim Momenter oder Zäertlechkeete gefreet huet, gëtt bei "Labor of Love" batter enttäuscht. Léift steet net am Virdergrond vun dësem aussergewéinleche Konzept. Nieft der Sperma-Prouf musse sech d'Participanten och am Wiessele vu Wëndelen ënner Beweis stellen. Fir Entertainment ass also gesuergt. Moderéiert gëtt d'Sendung vum Kristin Davis, bekannt fir hir Roll als Charlotte an der Serie "Sex and the City".