A Japan soll d'Fabeldéier "Amabie" mat senger mystescher Kraaft d'Corona-Pandemie bekämpfen.

Biller vun der Mierjongfra, enger Figur mat 3 flossenaartege Been, laangen Hoer an engem schniewel-änleche Mond, hunn den Internet a Japan wärend der Corona-Kris am Stuerm eruewert.

Der Legend no ass d'Amabie 1846 enges Daags aus dem Mier geklommen an huet sech engem Beamten vun der Provënz Higo gewisen, dem haitegen Kumamoto. D'Fabeldéier hätt dem Beamten deemools eng jorelaang gutt Recolte virausgesot a fir de Fall, dass eng Epidemie géing ausbriechen, sollt d'Bild vun hir gemoolt ginn an de Mënsche gewise ginn.

Zanter dem Coronavirus ass d'Geschicht nees am Ëmlaf an ëmmer méi Biller vum Fabeldéier maachen a Japan d'Ronn. D'Bierger bastele sech souguer kleng Amabie-Figuren. Op Twitter fënnt een all Dag Dausende Biller mat der klenger Figur, an der Hoffnung, se kéint d'Pandemie bekämpfen.

Souguer de japanesche Gesondheetsministère benotzt en Amabie-Bild mam Opruff "Stop! Covid-19".