Weltwäit entstinn ëmmer méi Projeten an Organisatiounen, déi sech fir den Ëmweltschutz asetzen...

An och am Beräich Mieresschutz si vill Leit an de leschte Joren aktiv ginn an hu sech zur Liewensaufgab gemaach, d'Koralleriffer ze schützen an d’Massestierwen ze bremsen.

Et gëtt heifir zwou Approchen: Éischtens, d'Problematik esou massiv ewéi méiglech ze verbreeden an esou d’Bewosstsinn vun de Leit ze stimuléieren. Ee Beispill fir dës Approche ass de Projet ‘Chasing Corals’. Dëst ass een Dokumentarfilm, an deem dat dramatescht Stierwe vun de Korallen an impressionnante Biller gewise gëtt a wou ee gesäit, wéi séier et geet, wann d’Korallen ausbleechen an de Film erkläert och wéi dramatesch d’Situatioun op ville Plazen op der Welt ass. Mat deem Documentaire, deen op Netflix ze fannen ass, wollten d’Produzenten net nëmmen d'Politiker, ma jidderee waakreg rëselen.

Déi zweet Approche, op déi ech agoe wëll, ass den Asaz op der Plaz. Hei ass zum Beispill d’Organisatioun „Conservation diver“ ganz aktiv. Si hu sech als Zil gesat, net drop ze waarde bis d’Politik eppes ënnerhëlt, mä ze handelen. Hiert Zil ass weltwäit d'Kapazitéiten, d’Kënnen an d’Wësse vun Interesséierten ze verbesseren an esou eng nei Generatioun vun engagéierten a passionéierte Leit als Taucher ze trainéieren, fir am Mier aktiv ze ginn als sougenannte „Conservation divers“. Ob et den Interessi un de Korallen, un der Ëmwelt oder um Tauchen ass, jidderee soll hei seng Plaz fannen, fir deem kënnen nozegoen, wat him am beschte läit an dobäi ze hëllefen, fir d’Koralleriffer ze schützen.

Si sinn haaptsächlech dorop spezialiséiert, Daten iwwert den Zoustand vun de Koralleriffer an de Mieresdéieren op verschiddene Plazen op der Welt ze sammelen an esou ee geneet Bild vun der Situatioun ze kréien.

Een aneren Deel vun hirer Aarbecht besteet doran, nei Koralleriffer ze forméieren, dëst natierlech ganz am Aklang mat der Natur. Heifir bauen si kënschtlech Riffer. Dës Approche ass am Ufank vu verschiddene Wëssenschaftler kritiséiert ginn, ma et gëtt ëmmer méi kloer, dass déi Stol-Figuren déi als Basis fir déi kënschtlech Riffer agesat ginn, effektiv fir nei Korallen déngen, a sou en neie Liewensraum fir d’Mieresdéieren entsteet.

Dëst artifiziellt Riff funktionéiert mat elektreschem Stroum an hëlleft, dass Korallen 3-5 Mol méi schnell wuessen. / © Conservation Diver- Spencer Arnold

Vill Taucher wëssen, dass zum Beispill Schëffsruinen ënner Waasser eng Form vu kënschtleche Riffer bilden an datt een hei dacks ee grousse Liewensräichtum fënnt. Dat selwecht wëll een och mat dësen artifizielle Riffer erreechen.

Et ginn also ëmmer méi Léisungen, fir d'Massestierwe vun de Koralleriffer ze bremsen an dozou ka jiddereen dee motivéiert ass säin Deel  bäisteieren.

An dofir muss een net onbedéngt ënner Waasser goen, alles wat de Klimawandel ausbremst hëlleft, och dësen héichsensibelen Ekosystemer z’iwwerliewen.

Hei gesäit een d’Wuesse vu Korallen op esou enger Stol-Struktur. / © Conservation Diver Indonesia