D'Iddi hanner "Archewell" war Guddes domat ze bewierken. Déi néideg Autorisatiounen dofir ze kréien, mussen awer och Ex-Royals genee huelen.

Et schéngt, wéi wann de Prënz Harry an d'Herzogin Meghan un engem Stéck Steng an d'Weeër geluecht kréien. Fir d'éischt hate si hir Pläng wéinst de "Black Lives Matter"-Faite fräiwëlleg no hanne verréckelt,  elo gouf hir Demande fir d'Organisatioun "Archewell" autoriséiert ze kréie vun den zoustännegen Autoritéite refuséiert. De Grond: De Zweck wier ze vage, déi néideg Taxe wieren net bezuelt ginn a souguer eng Ënnerschrëft hätt gefeelt.

Schonn am Abrëll war fatzeg en schif gaangen. Do haten den Hary an d'Meghan vergiess eng Domain fir hir nei Organisatioun unzemellen. Sougenannte "Cybersquatter" hu sech duerno ee Spaass draus gemaach, d'Websäit "www.archewellfoundation.com" ze mëssbracuhen. Eraus koum een nämlech net um Site fir benevole Aktiounen oder Projeten vun den Ex-Royals, mä op ee You-Tube-Video vum Kanye West, an zwar op d'Lidd "Gold Digger" - wat sou vill heescht wéi een, dee just op d'Geld aus ass.