Fir den 39 Joer ale Japaner Koji Ishii sinn Händschen op der Strooss zu eng Obsessioun ginn. 15 Joer scho sicht a fotographéiert hie se zu Tokyo.

Ob Plastik, Woll oder Händsche vum Chantier: de Koji Ishii huet se scho bal all eng Kéier fotographéiert. Gesäit de Japaner eng Händsch um Buedem leien, da muss hien dohinner goen a se fotographéieren. Den Hobby wier souguer eppes wéi ee Fluch, well hien ëmmer misst kucken a fäerten, datt hannert engem Eck géif eng Händsch leien.

© AFP

Wéi hie fir d'éischt d'Iddi 2004 krut, eng Händsch ze fotographéieren, wier et eng bal iwwernatierlech Experienz gewiescht, wéi wann ee Blëtz hie getraff hätt. Zanterhier dokumentéiert hie fläisseg Händschen, seng Fra a seng Kanner toleréieren dëse kuriéisen Hobby a soen him souguer Bescheed, wa si eng gesinn. Bis ewell huet hien iwwer 5.000 Biller an huet souguer ee Buch mat de schéinste Fotoen erausbruecht.

View this post on Instagram

【片手袋研究が遂に書籍化!】 『片手袋研究入門 小さな落としものから読み解く都市と人』が実業之日本社より刊行されます。 14年間に及ぶ研究活動を余すところなく収録しました。片手袋写真だけでなく、その背後にある都市や人、片手袋が登場する創作物など盛り沢山です。とにかくこんな本は今までに書かれたことがない、というのは断言できます。 私はずっと「どうして私だけがこんなことに熱中しているのか?」と悩んできました。しかし、SNSによってそれは私だけでないことに気付くことができました。この本が片手袋を重要な文化に位置付ける土台になれば幸いです。 日本語表記だけですが恐らくAmazonを通じて世界中で購入できると思うので、是非みなさまに読んで頂きたいです! 2019年12月2日発売です。ネットで購入なさる方は一番下にリンクを貼ったアマゾンで予約して頂けるとありがたいです。よろしくお願い致します。 【My Lost glove research for 14 years is finally published. 】 The title is “Introduction to Lost glove Research〜City and People Reading from Small Lost Items〜”. In addition to taking photos of Lost glove, I wrote the vast world that extends behind them. It also contains discussions about movies, literature, comics, and art in which Lost glove appear. Anyway, I can affirm that this kind of book has never been written before. I always thought, “Why am I attracted to Lost glove ?” However, I learned through SNS that there are Lost glove lovers around the world as well as me. I hope this book will be the foundation for positioning Lost glove as an important culture. It is written in Japanese only, but you can buy it on Amazon, so please read it. It will be released on December 2, 2019. https://www.amazon.co.jp/dp/4408338656/ref=cm_sw_r_cp_awdb_c_zwZ0Db6T4W048 #片手袋 #lostglove

A post shared by Koji Ishii (@koji.ishii.lostglove) on

Op der ganzer Welt ginn et Leit, déi dësen Hobby mam Japaner deelen. Op der soziale Medie ginn et Säite voll där Fotoen.

Fir de Kohi Ishii ass et d'Geschicht hannert der Händsch, déi hie faszinéiert. Deemno wéi eng Händsch et ass, engem Kand seng, engem Medezinner seng, eng Händsch vun der Baustell, denkt hie sech eng aner Geschicht dozou aus. Et wier interessant, sech ze iwwerleeën, wéi een déi eng oder déi aner Händsch verléiere kéint. Munchmol geet hien och zréck op d'Plazen, wou hien Händsche fonnt huet a kuckt, ob se nach do ass an ob sech eppes an der Landschaft verännert huet.