Nom massive Succès vum Gwyneth Paltrow hirer Vagina-Käerz huet d'US-Actrice en neie Geroch lancéiert. Dës Käerz soll wéi en Orgasmus richen.

Et kann een net fir näischt behaapten, dass déi éischt Doftkäerz vum Gwyneth Paltrow erreegte Gemidder hannerlooss hat. D'Käerz aus dem Lifestyle-Imperium "Goop" war no kierzester Zäit ausverkaaft, a well dat sou gutt funktionéiert huet, huet den Hollywood-Star nach eng drop geluecht.

Hiren neiste Produit  "This Smells Like My Orgasm" erweidert elo dat aussergewéinlecht Käerze-Sortiment.

Wärend engem Online-Interview mam US-Talkmaster Jimmy Fallon, huet déi 47 Joer al Actrice hir neisten Doft-Kreatioun presentéiert an huet do vun engem ideale Kaddo fir d'Fra doheem geschwäermt. Datt op der Këscht Freedefeier illustréiert ass, huet fir en zousätzlecht Grinse gesuergt.