Ënnert sengesgläiche war de Maurice den häertste vun allen: keen anere konnt mat sengem Kikeriki mathalen.

Hie war eng Legend: virun e puer Wochen ass de Maurice, de berüümtsten Hunn a Frankräich, verscheet. Lescht Joer hat hie weltwäit fir Schlagzeile gesuergt, well hie viru Geriicht misst. Seng haart Geräischer hunn nämlech net all Awunner gefall. En aussergewéinleche Prozess, dee fir den Zweebeener a seng Famill gutt ausgaangen ass. Seng Meeschterin krut 1.000 Euro Entschiedegung a misst d'Geriichtskäschten net iwwerhuelen.

Elo dierfte sech seng Noperen net méi belästegt fille vum ville Kikeriki, deen de Maurice esou eenzegaarteg gemaach huet. De Borscht ass wärend der Corona-Pandemie gestuerwen, ugefaangen hat alles mat engem Schnapp. Fir seng Besëtzerin bleift hien awer e "Symbol vum Landliewen, en Held".