Ee méi konkret Beispill vun der Pollutioun sinn d'Chemikalien, aus deene Pestiziden a Konschtdünger gemaach gëtt.

Am Joer 1962 huet déi amerikanesch Biologin Rachel Carson d’Buch "Silent Spring" verëffentlecht. D’Haaptthema an dësem Buch ass d'Gefor vum Pestizid DDT an den Impakt vun dësem op eis Ëmwelt. D'Biologin erkläert hei, dass DDT dozou féiere kann, dass d’Villercherseeër méi dënn gi sinn an doduerch d’Populatioun vun enger Rei Villercherszorten erofgaangen ass. Dëst Buch huet fir Opmierksamkeet gesuergt an huet d’Bewosstsinn iwwert d’Gefore vun dëse Pestizide stimuléiert. Kuerz drop ass dunn de Gebrauch vun DDT verbuede ginn. D’Rachel Carson huet et mat dësem Wierk net nëmme fäerdeg bruecht, DDT ze verbidden, mä donieft och ville bewosst gemaach, dass dës chemesch Substanze sech net einfach opléisen, mä an eiser Ëmwelt bleiwen a sou d’Balance an den Ekosystemer stéieren.

Wa mer awer elo zeréckkucken, hunn dës Pestizide mat duerfir gesuergt, dass eis Landwirtschaft sou produktiv konnt ginn, dass mer haut eis Weltbevëlkerung ernäre kënnen. Jo, Pestizide sinn noutwenneg, fir d’Felder a sou d’Recolte vu Schädlingen an Onkraut ze schützen. De Problem mat dëse Pestiziden ass awer, dass se sech séier verbreeden. Staarke Ree féiert zum Beispill dozou, dass dës Chemikalie bis déif an de Buedem duerchdréngen a sou eist Grondwaasser verschmotzen. Pestizide fënnt een duerfir mëttlerweil iwwerall an hiren Impakt op eis Gesondheet an eis Ëmwelt ginn dacks ënnerschätzt. Wëssenschaftler hunn hei zum Beispill bei Fësch an anerer Mieresdéieren negativ Effekter op de Wuesstem, d’Entwécklung an d’Behuele entdeckt a bei verschiddene souguer festgestallt, dass dës Chemikalien zum Doud féiere kënnen.

Eng aner Erfindung, déi dozou gefouert huet, dass d’Landwirtschaft esou geboomt huet, ass de Konschtdünger. Fir dass d’Planze wuessen, brauche se Närstoffer, haaptsächlech Stéckstoff a Phosphor. D’Haber Bosch Method war hei revolutionär, fir de Stéckstoff aus der Atmosphär a Konschtdünger fir d'Planzen ëmzewandelen. Dëse Konschtdünger gëtt de Planze méi Närstoffer, fir dass se méi schnell a besser wuessen. De Problem ass awer, dass ze vill vun dëse Närstoffer eiser Ëmwelt schuede kënnen. Verschidden Zorte vu Planze verdroen zum Beispill net esou vill Närstoffer a kënnen doru futti goen. Dobäi kënnt, dass dës Chemikalien dacks a Flëss oder am Séi landen, wat dozou féiert, dass massiv Alge wuessen an d'Biodiversitéit hei verluer geet.

D’Alternativ zum Gebrauch vu Chemikalien, wéi Pestiziden a Konschtdünger, ass déi biologesch Landwirtschaft. Hei gëtt weder artifiziellen Dünger benotzt, nach chemesch Pestiziden. D'Fro, déi sech mat dëser Method stellt, ass, ob mer domat op Dauer eis Weltbevëlkerung ganz ernäre kënnen. Hei ginn d’Meenunge wäit auserneen. Et steet awer fest, dass mer op verschidden Techniken aus der organescher Landwirtschaft zeréckgräife mussen, wa mer d’Pollutioun vu Pestiziden a Konschtdünger reduzéiere wëllen. Nëmme sou kënne mer d’Gesondheet vun eisen Ekosystemer erhalen.