Am Live! Planet People geet et e Freideg den Owend ëm Schauspillerei, Promi-Talkronnen a Musek.

De Nilton Martins ass e Verwandlungskënschtler. Den Acteur erkennt een net ëmmer direkt erëm, well e sech och kierperlech senge Rollen upasst. Op der Bün, an engem Film oder an enger Serie op der Tëlee wéi bei "Weemseesdet" gëtt hien alles. Rezent war en am Film "Sawah" vum Adolf El Assal als Lëtzebuerger Polizist ze gesinn. E Film, deen zanter kuerzem och op Netflix gewise gëtt. 2014 hat de Nilton Martins et souguer an de Videoclip "Ave Cesaria" vum Stromae gepackt. De professionellen Acteur sicht awer och reegelméisseg no neien Talenter. Op castinglux.com kënnt der Iech gäre selwer aschreiwen.

D'Marijke Amado ass d'Gesiicht vun der Mini-Playbackshow. Entdeckt gouf se fir d'Tëlee vum Rudi Carrell. d'Hollännerin huet e Buch geschriwwen iwwer d'Fraen an de Medien a mécht um Internet reegelméisseg en Talk mat 3 aneren bekannte Fraen. "Lasst uns reden, Mädels" ass e Format op YouTube wou d'Marijke zesumme mam Marlene Lufen, Saskia Valencia a Motsi Mabuse iwwer Gott an d'Welt diskutéiert an och Promien invitéiert wéi de Pietro Lombardi oder den Oliver Pocher. 3 Mol war d'Marijke scho bestuet an iwwer dee leschten Mann gëtt et och e Buch dat eng Zort Ofrechnung ass.

Musek läit dem Charel Geimer am Blutt. Scho méi wéi 10 Joer och zesumme mam Bert Jung. Zanter 2018 nennt den Duo sech Alfalfa an erauskënnt Electro Pop. Bekannt sinn déi zwee duerch d'Ska-Band "Los Dueños". De Charel op der Batterie an de Bert Gesang a Gittar. Virun 2 Joer huet sech awer bemol de Wonsch duerchgesat, fir aner Musek ze maachen. Den Numm "Alfalfa" kënnt aus der Kichen an de Styl Musek soll de Leit einfach e gutt Gefill ginn. d'Inspiratioune kommen vu Bob Dylan iwwer Johnny Cash bis Foo Fighters.