Am neie Guide Michelin ass Ljubljana eng éischte Kéier mat dobäi, 2 nei éisträichesch Restaurante kréien ee Stär.

An der Selektioun vun dësem Joer ginn 1.850 Etablissementer aus 39 ënnerschiddleche Stied (23 Länner) recommandéiert. Eng éischte Kéier a senger Geschicht kritt Krakau ee Stär. Ausgezeechent gouf "Bottiglieria 1881" an der polnescher Stad, wou den talentéierte Chefkach Przemyslaw Klima kreativ a modern Platen zerwéiert.

Déi slowenesch Haaptstad Ljubljana feiert d'Entrée an de Guide Michelin vun den europäesche Stied mam Lokal "Atelje". Och Éisträich huet ee Grond ze feieren: zwee nei Restaurante goufe mat engem Stär ausgezeechent: "APRON" zu Wien an "The Glass Garden" zu Salzburg.

Freeën dierft sech och Lëtzebuerg: mat jeeweils engem Stär sinn an der Editioun vun dësem Joer "Clairefontaine", "La Cristallerie", "Les Jardins d'Anaïs" a "Mosconi" mat dobäi.