Pornoe sinn net déi richteg Aart a Weis, wéi ee seng Kanner soll opklären. Dat ass ee Message vun enger Campagne vun der neiséilännescher Regierung.

Dëse Video vun der Campagne mam Numm "Keep it Real Online" an Neiséiland mécht grad e richtege Buzz an de soziale Medien.

Am Video gesäit een déi zwee Porno-Schauspiller, déi plakeg un d'Dir klappen an der Mamm, grad aus der Dusch a mam Kaffi am Grapp, erklären, datt déi Videoen, déi déi zwee dréinen, net ideal sinn, fir dem klenge Bouf z'erklären, wéi richteg Relatioune funktionéieren. Am Video géife si ëmmer direkt zur Saach kommen, wat am wierkleche Liewen net esou wier. De Bouf awer géif sech am Internet hir Videoen ukucken a sech e falscht Bild maachen.

Eng Spriecherin vun der Regierung hat erkläert, datt dëse Video en Deel vun enger Campagne wier, fir Elteren op d'Gefore vum Internet opmierksam ze maachen. Nieft dem Video iwwer Pornoe gëtt och nach e Video iwwer Mobbing, iwwer friem Persounen, déi een online kenne léiert, oder iwwer Contenu, deen net fir Kanner geduecht ass.