Zesumme mat senge Kanner huet de futur Kinnek fir d'Foto poséiert. Geknipst huet dëst speziell Foto seng Fra Kate.

Zesumme mam Prënz George, der Prinzessin Charlotte an dem Prënz Louis huet den Duke of Cambridge fir eng Foto poséiert, déi elo fir säi Gebuertsdag dëse Sonndeg a fir Pappendag elo publizéiert gouf.

Wie seng Fra d'Duchesse vermësst, deen dierf awer berouegt ginn. Si selwer huet dës Opnam gemaach. An de leschte Méint, esou schreift déi brittesch Vogue, hätt d'Kate ëmmer nees hir Passioun a Léift fir d'Fotografie gewisen a méi wéi eng Kéier selwer hannert der Kamera gestanen.