Am Plaz en Tour duerch d'Vogesen ze maachen huet eng Grupp vu Frënn sech iwwerluet, op Nationalfeierdag en Tour ronderëm Lëtzebuerg ze fueren.

Ganzer 19 Leit hu sech en Dënschdeg de Moien um 7 Auer fir den Depart vun dësem Tour zu Arel getraff. Fir déi Meescht vun de Cyclisten war et eng Première, fir esou e wäiten Tour an engem Dag ze maachen, obwuel der vill vun hinne reegelméisseg op de Vëlo klammen, respektiv en Triathlon matmaachen oder och scho bei engem Ironman un den Depart gaange sinn.

Am Virfeld schonn hate se sech de Plang vum Wee zurechtgeluecht, fir eben ëmmer esou no wéi méiglech laanscht d'Grenz kënnen ze fueren. Eppes Klenges méi wéi 320 Kilometer koumen dobäi eraus, dat mat engem Ënnerscheet vun 3.800 Héichtemeter.

Vun Arel aus goung et an den Norde vum Land, éier et dann laanscht d'Our an d'Sauer erof op Waasserbëlleg goung. Dono en Tour laanscht d'Musel bis op Schengen an da laanscht déi franséisch a belsch Grenz zeréck bis op Arel.

10 Stonnen an 30 Minutte waren d'Cyclisten ënnerwee, dat mat enger Moyenne vun 31 Kilometer an der Stonn. Fir d'Sportler war et eng flott Aventure, dat ganz speziell op Nationalfeierdag.

"Tour de Luxembourg"
Op Nationalfeierdag ass eng Grupp vun 19 Leit mam Vëlo laanscht d'Grenz vum Grand-Duché gefuer.