Zu Lopburi an Thailand sinn déi vill Afen eng Touristenattraktioun, ma wärend dem Confinement si si d'Häre vun der Stad ginn. D'Autoritéite reagéieren.

Déi kleng Afe sinn ausser Kontroll geroden. Se wieren ewell iwwerall an der Stad an d'Stroosse géife wéinst hiren Exkrementer sténken.

Wéi een an engem Reportage vun der AFP gesäit, ginn d'Händler vun der Stad kreativ. Ee Mann an engem Geschäft huet ee Krokodil als Kuscheldéier virun der Dier an ee mëllen Tiger-Kapp an engem Regal, fir den Afen Angscht ze maachen. Wa se awer era Saache klaue kommen, jot hie se mat engem Bengel.

Bannent 3 Joer huet sech d'Afe-Populatioun verduebelt: et liewen ewell 6.000 Afen an der Stad mat de 27.000 Mënschen. D'Déiere goufen aus hirem natierleche Liewensraum verdriwwen an hu sech fir d'éischt ronderëm een Tempel opgehalen. Mëttlerweil liewe se an der ganzer Stad.

© AFP

Si hu souguer d'Kontroll iwwer verschidde Gebaier geholl: de Kino ass zum Kierfecht ginn, si deposéieren do hier Kadaveren a bewaachen de Kino, sou datt kee méi era kann.

© AFP

Ouni Touriste fir d'Afen ze beschäftegen a mat allen Thailänner dobannen am Confinement, hunn d'Afen ugefaangen d'Stad ze erueweren an hu sech nach méi verbreet. D'Autoritéiten hunn elo eng grouss Sterilisatiouns-Campagne lancéiert, wou solle 500 Afe kastréiert ginn, fir datt se sech manner séier ausbreeden. Ganz dierf een d'Afen awer net lass ginn, well et si si, déi d'Touriste bréngen.