Am Live! Planet People geet et e Freideg den Owend ëm de Melu, d'Filmkonscht a Musek.

Den Dan Crovisier mécht sech Gedanken ëm d'Kult-Locatioun Melusina. Fir de Melu no Corona ze rette gëtt et elo eng eemoleg Hëllefsaktioun. Fir net einfach de Grapp opzehalen, gouf e Lidd opgeholl wat weist wéi et no där schwéierer Zäit mat vill Restriktioune viru goe soll. Generatioune kennen d'Plaz am Gronn an hunn flott Owender do verbruecht. d'Patronen, d'Personal, DJ'en a Clientë bleiwen hirem Melu trei an organiséieren e Fundraising, fir dass jidderee mat hëllefe kann, d'Fixkäschte vum Club ze decken

Den Yann Tonnar schafft virun allem hannert der Kamera. Sou och fir d'Serie "Rout wäiss gro" wou e Sonndeg dee leschten Episode vu Staffel 3 leeft. 72 mol goufe Leit aus dem normale Liewe begleet, an hiren Alldag gewisen, ouni dass dat wat passéiert ass, kommentéiert gouf. D'Zäit gëtt dem Journalist a Regisseur awer net laang. De President vun der Lëtzebuerger Filmakademie, deen sech 2019 mam Sylvie Camarda bestuet huet, a geschwënn Papp gëtt, schafft de Moment mat senger Fra un der Serie "Move" fir Arte wou et ëm d'Danze geet.

Den Dennis Mansfeld war e Sonndeg nach am ZDF Fernsehgarten wou seng nei Single "El Cubito" beim Andrea Kiewel Première hat. De Sänger produzéiert mat sengem neien Hit Summerfeeling pur. 1993 ass den Dennis zu Hamburg gebuer. Opgewuess ass en op der gréisster vun de baleareschen Inselen, ier et hien op London gezunn huet fir säin Dram ze liewen an als Stroossemuseker seng Suen ze verdéngen. Zu New York City huet en als Session Vocalist a Songwriter geschafft an elo scho freet e sech op d'Tournée mam Weltstar Bonnie Tyler 2021.