D'Nasa ass op der Sich no kreativen Toiletten, déi wärend zukünftege Moundmissiounen an Asaz solle kommen.

Mat dësem Concours erhofft ee sech "radikal nei an aner Usätz, fir d'mënschlech Offäll ze sammelen an ze stockéieren", erkläert d'Raumfaartagence. Déi beschten Iddi gëtt mat 20.000 Dollar belount. E lukratiivt Geschäft!

Sou witzeg et och kléngt, ganz einfach wäert d'Kreatioun vu Sanitäranlagen net ginn. Eng Abberzuel Ufuerderunge mussen dobäi erfëllt ginn. Ënnert anerem musse si um Mound fonctionéieren, do, wou d'Schwéierkraaft bei 1/6 vun der Äerdunzéiungskraaft läit. Donieft soll se kleng an net méi haart si wéi eng hondsgewéinlech Lëftungsanlag am Buedzëmmer. Ausserdeem soll se vu Mann a Fra kënne benotzt ginn an net méi laang wéi 5 Minutte brauchen, fir nees propper an asazbereet ze sinn.

E Bonuspunkt kritt deejéinegen, deen et Astronauten erméiglecht, sech ze iwwerginn, ouni mussen de Kapp an d'Toilettëschossel ze stiechen.