Zu New York koumen Turnschlappe vun der bekannter Mark "Nike" fir ëmgerechent 145.000 Euro ënnert den Hummer.

Et ass en eemolegt Exemplar. Ee vun de Grënner vum Sportkonzern ''Nike'', de Bill Bowerman, hat dëst Puer an de 70er Jore selwer hiergestallt. D'Schong waren en Experiment an op d'Moss gemaach fir den US-amerikaneschen Liichtathlet John Mays.

50 Joer méi spéit hu se vill Patina a sinn doduerch giel. Deemools ware se wäiss. Se si liicht a hu vir 6 Spikes fir op d'Lafbunn. De Keefer wëll anonym bleiwen.

De Produzent Nike war ënnert deem Numm déi éischter Kéier 1971 um Marché.