De Gernot Endemann, deen duerch d'Kannersendung "Sesamstraße" däitschlandwäit bekannt gouf, ass am Alter vun 78 Joer verscheet.

Wéi et heescht, hätt de Schauspiller déi 3 lescht Joer mat gesondheetleche Problemer ze kämpfe gehat. Hien ass no engem Häerzinfarkt an de Koma gefall.

De Gernot Endemann huet vun 1986 un de Vëlosverkeefer Schorsch an der "Sesamstraße" gespillt. An de 60er a 70er Joren huet hien an den TV-Serien "Grashüpfer" an "Die Unverbesserlichen" matgespillt. Bis kuerz viru sengem Doud war hien och an der däitscher Theaterzeen aktiv.