Mathëllef vun enger Dron soll een d'Kitz virum Méien an engem Feld oder enger Wiss fanne kënnen. An zwar funktionéiert dat mat enger Wärmebildkamera.

Bei summerlechen Temperaturen, der Sonn, déi iwwer Bierg an Dall schéngt, denken déi meescht Leit un de Summer, Fräizäit a Vakanz. Fir d'Bauere geet d'Aarbecht da meeschtens réischt richteg un. Fir si ass dat den Ufank vum Heemount.

Soulaang et dréchen ass, muss een d'Hee sou séier wéi méiglech rabréngen. Déi Zäit iwwerschneit sech dacks awer och mat der sougenannter "Setzzäit" vu Réikitz. Dat ass déi Zäit, an där si nach net gutt ze Fouss sinn. D'Mammen oder d'Geessen, wéi déi weiblech Réi och nach genannt ginn, leeë si am héije Gras of. Do verstoppen si sech grad dann, wann eng Gefor op si duerkënnt. Réischt méi spéit entwéckele si e Fluchtreflex a maache sech aus dem Stëbs, wann et geféierlech gëtt.

Mathëllef vun enger Dron soll een d'Kitz virum Méien an engem Feld oder enger Wiss fanne kënnen. An zwar funktionéiert dat mat enger Wärmebildkamera. Wa si bis fonnt gi sinn, muss ee si afänken an op d'Säit setze bis de Bauer geméit huet. De Chris Klein a seng Ekipp  maachen dat zanter engem Mount. Déi geféierlech Saison fir d'Kitz ass elo sou gutt wéi eriwwer, virun allem am Mee an am Juni sinn d'Kitz nach kleng.

Mëttlerweil missten déi meescht e Fluchtreflex entwéckelt hunn. Spéitstens d'nächst Joer geet et dann awer nees vu fir lass, wann nei Kitz op d'Welt kommen