Am US-Bundesstaat ass eng nei Zort russescht Roulette a Moud.

Jonk Leit, déi sech mam Coronavirus infizéiert hunn, ginn op Studentepartyen agelueden, fir do esou vill wéi méiglech Persounen z'infizéieren. D'Zil vun där Aktioun: Deejéinegen ze sinn, deen am séiersten ugestach gëtt. De "Gewënner" gëtt mat engem gudde Batz Geld belount.

Kléngt op den éischte Bléck wéi e schlechten amerikanesche Film, entsprécht allerdéngs der Wierklechkeet. Am Bundesstaat Alabama solle Studenten nämlech bewosst mat Infizéierte gefeiert hunn, fir sech mam Coronavirus unzestiechen. D'Participanten hunn alleguerte Geld an en Dëppe gehäit. Wien no der Feier als éischt den Erreeger noweise konnt, dee konnt déi ganz Zomm halen. Dat beriichten US-amerikanesch Medien a beruffe sech op d'Conseillère vun Tuscaloosa, d'Sonya MCKinstry. Och lokal Pompjeeën an Dokteren hunn d'Rumeuren iwwert dës Corona-Hauspartye confirméiert.

Den Dr. Ramesh Peramsetty huet der Dageszeitung „Tuscaloosa News" géintiwwer esouguer erzielt, dass verschidde Studente glécklech waren, wéi si iwwert hiert positiivt Resultat informéiert goufen. Anerer wiere rosen an enttäuscht gewiescht, wéi se héieren haten, dass si sech op der Feier net ugestach hätten.