E Freideg den Owend geet et am Live! Planet People ëm Musek, Gap Year an d'Gaming-Zeen.

De Jimmy Martin kennt net nëmmen d'Robin Beck an de Rick Springfrield. Hien huet och mat hinne geschafft. A méi wéi 30 Joer Rockmusek huet en zwar seng Musekskolleege gewiesselt, awer en ass ni vun der Bildfläch verschwonnen. An och senger ausgefalener Frisur ass en trei bliwwen. Haut schafft e brav als Museksproff, awer säi grousse Succès an den 80er, wou e mat der Rockband FISC duerch d'Welt gezunn ass, hëlt keen him méi, an och säin Optrëtt viru Milliounen Tëlee-Spectateuren, mam Simone Weis als Duo "Modern Times", wou e fir Lëtzebuerg beim Grand-Prix opgetrueden ass, bleift memorabel. An der Corona-Zäit war de Sänger och nees fläisseg.

D'Julie Mathes wollt no de Première onbedéngt ee Gap Year maachen. Dat Joer war awer méi wéi eng Paus. D'Studentin wollt nei Erfarunge maachen. Erauskoum en Tour vu Fiji, iwwer Neiséiland, Australien an Thailand. D'Julie huet Nohëllefsstonne ginn, huet op enger Päerdsfarm geschafft an och Mieresdéieren a Koralleriffer geschützt. Hänke bliwwe si flott Souveniren, Bekanntschaften a Frëndschafte fir d'Liewen.

De Fabio De Aguiar gëtt sech net dermadder zefridden, op enger Konsole ze spillen. Hie kennt d'Gaming-Zeen zu Lëtzebuerg, déi sech an de leschten Joer enorm vergréissert huet. Dat mierkt een um Succès vun der 11F Gaming oder der LGX an der LuxExpo "The Box". Dëse Weekend sinn d'Playoffs 2020 an der POST eSports League. Et ass dat éischt Joer, dass an der Groussregioun eng grouss eSports League mat 500 Spiller tëscht Mäerz a September war, an op Twitch.tv kann een e Samschdeg a Sonndeg vun 10 bis 18 Auer déi Bescht live gesinn.