An den USA mécht den Ament eng frëschgebake Mamm op éischter aussergewéinlech Manéier op d'Wichtegkeet vun Otemschutzmasken opmierksam.

An Amerika weigere sech nämlech vill Awunner, e Mask an der Ëffentlechkeet un ze hunn, ob dat elo Politiker sinn oder hondsgewéinlech Leit aus der Noperschaft. Well d'Infektiounszuelen ëmmer méi klammen, kréien d'Maskegéigner elo Géigewand gemaach... an zwar vu Mammen. D'Jai Kershner ass eng vun hinnen, déi sech fir méi Responsabilitéit a Solidaritéit a Corona-Zäiten asetzt an huet dobäi däitlech Wierder fonnt.

Wärend där ganzer Gebuert vun hirem Jong huet déi jonk Radiosspriecherin e Mask ugehat. Rieds geet hei net vun enger Gebuert, déi 1 oder 2 Stonne gedauert huet, mä ganzer 38 Stonnen. An an deenen 38 Stonnen hat d'Jai Kershner hir Otemschutzmask net ausgedoen.

Elo riicht si sech un déijéineg, déi sech an hirem Alldag iwwert de Mask opreegen, ob dat beim Akafen ass oder am Restaurant, a gëtt an de sozialen Netzwierker dofir gefeiert. Mam Hashtag #WearADamnMask mécht si en Appell u jiddereen, sech selwer a seng Matbierger ze schützen. E Mask wier jo "keng grouss Saach", schreift si. Natierlech wier de Mondschutz onbequem, awer et wier net "d'Enn vun der Welt (..) Dokteren a Krankeschwëstere sinn duerch d'Hell gaangen" am Kampf géint de Coronavirus.

An den USA ass an nëmmen 18 Staaten de Mask obligatoresch an der Ëffentlechkeet. Neisten Etüden no dréit de Mondschutz awer net nëmmen dozou bäi, d'Verbreedung vum Virus anzedämmen, mä et schützt een esou och säin Ëmfeld virun enger méiglecher Infektioun.