Pénktlech fir d’Summervakanz kënnt déi nei Serie "Nächst Statioun" (2020) vun Zeilt Productions op RTL Télé Lëtzebuerg an am Kinepolis Kierchbierg.

Ausserierdesche Spaass fir Grouss a Kleng

De Klaus an de Mish, zwee kleng Aliens, sou grouss wéi en Äppelchen, sinn op d’Äerd geschéckt ginn, fir eng Invasioun ze preparéieren. Lëtzebuerg mat sengem historeschen, kulturellen an natierleche Patrimoine soll déi ideal Plaz ginn, fir hir nei Kommandozentral. Vum Pech verfollegt, geroden déi zwee kleng Ausserierdesch op hirer Entdeckungsrees vu bekannte Lëtzebuerger Plazen a Monumenter an eng ganz Partie Schwieregkeeten.

Eng witzeg Aventure duerch Lëtzebuerg, verdeelt op 26 Episode vu 5 Minutten. All Mëttwoch um 19.45 Auer kënnt en neien Episod op RTL Télé Lëtzebuerg.

D’Serie gëtt och op franséisch am Kinepolis Kierchbierg gewisen. All zwou Woche gëtt en neien Episod gewisen, deen an der Woch all Dag virun der éischter Seance um +/- 14.30 Auer an all zweeter Seance um 17.00 Auer leeft.

"Nächst Statioun" vun Zeilt Productions gouf vum Laurent Witz entworf an zesumme mam Emmanuelle Vincent produzéiert, d’Realisatioun vun der Serie gouf vum Sarah Sutter a Frédéric Wedeux gemaach.

Partner vun "Nächst Statioun": Film Fund Luxembourg, Patronage du Ministère de la Culture, Ministère de l’Education Nationale (script), Direction Générale du Tourisme du Ministère de l’Economie, La Ville de Luxembourg, CNA an déi 26 Plazen, déi an der Serie gewise ginn.