De Prozess vum 57 Joer ale Schauspiller géint déi brittesch Zeitung "The Sun" huet um Dënschdeg de Moien zu London ungefaangen.

Den "Fluch der Karibik"-Schauspiller werft der Zeitung vir, Si hätten hien als "wife beater", also eng Persoun, déi seng Fra schléit, an engem Artikel vun 2018 duergestallt.

Den Johnny Depp a seng lo Ex-Fra Amber Heard hu sech 2011 beim Dréi vum Film "Rhum Express" kennegeléiert an d'Koppel huet sech dunn am Februar 2015 zu Los Angeles bestuet.

2017 huet d'Koppel sech getrennt, woubäi d'Scheedung, wéinst Beschëllegunge vum Amber Heard, den Johnny Depp wier gewalttäteg gewiescht, weltwäit mediatiséiert gouf. D'Amber Heard huet seng Uklo wärend der Prozedur zeréckgeholl, géint eng finanziell Kompensatioun vu 7 Milliounen Dollar.

Um Geriicht sollen, ënnert anerem, dem Johnny Depp seng Ex-Fra Vanessa Paradis an d'Winona Ryder, mat där hien an den 1990er zesumme war, als Zeien optrieden.

De Prozess, deen fir Mëtt Mäerz geplangt war, gouf wéinst der weltwäiter Corona-Kris verluecht.