E kanadeschen Déiereschutzhaff hat eng originell Iddi, fir wärend der sanitärer Kris Suen ze sammelen.

Zanter Mäerz schaffe wéinst der sanitärer Kris vill méi Leit vun Doheem aus, wéi nach virdrun. Souz ee soss a Reuniounssäll zesummen, begéint ee seng Aarbechtskolleegen haut dacks just am virtuelle Raum, vun enger Stuff an déi aner, mam Risiko, datt och emol e gelangweilt Kand am Home schooling oder en hongeregt Hausdéier duerch d'Bild leeft. Ma och wann doduerch och emol witzeg Situatiounen entstinn, kennen d'Zoom-, Skype- oder WebEx-Reuniounen och gäre laang a langweileg sinn.

"Hallo, mir ënnerbriechen Är Reunioun, dat ass d'Buckwheat"

En Déiereschutzhaff zu Uxbridge a Kanada hat eng Iddi, fir d'Video-Konferenzen opzelackeren an an engems Suen ze sammelen: Et kann een hir Iesel-Damm Buckwheat op online Meetingen invitéieren. Virun der Pandemie huet de Farmhouse Garden Animal sech virun allem iwwer Visitte finanzéiert an huet dowéinst elo e Lach am Budget.

Wann ee wëll, dass d'Buckwheat seng Reunioun crasht, mécht een en Don un den Haff, domat kann da Fudder fir déi ronn 20 Kéi kaf ginn, déi do wunnen. Donieft liewen och nach Hénger, Inten an e Päerd um Farmhouse Garden Animal.

Et kann een d'Buckwheat fir 10, 20 oder 30 Minutten invitéieren a bezilt dofir 75, 125 oder 175 kanadesch Dollar (ëmgerechent ronn 50€, 80€ oder 115€). Zanter Abrëll hätt d'Buckwheat eng 100 Reuniounen ënnerbrach, seet den Tim Fors, fräiwëllege Mataarbechter um Haff, dee sech freet, wann d'Iwwerraschung geléngt.