E Dënschden huet den "Johhny Depp géint The Sun"-Prozess jo ugefaangen. No 2 Deeg op Gericht kommen nei Informatiounen un d'Uewerfläch.

Bis elo gouf just den Johnny Depp befrot an zwar vum Amber Heard hirer Affekotin, Ms. Wass.

De Schauspiller huet zouginn, virun 2015, Problemer mat Alkohol an Droge gehat ze hunn. Hien huet awer och präziséiert, dass hie säitdeem déi Problemer net méi hätt.

De Star soll wärend engem Fluch tëscht Boston a Los Angeles exzessiv Alkohol an Droge konsuméiert hunn an dobäi aggressiv gi sinn. Dat huet hien am Ufank ofgestridden. Wéi dunn verschidde SMS-Texter um Gericht presentéiert goufen, déi confirméiert hunn, dass hien ausser sech war, huet hien zouginn, hie géing sech net onbedéngt un alles erënneren. An deene SMSen, déi den Johnny Depp mat sengem gudde Kolleeg de Schauspiller Paul Bettany getosch huet, gëtt hie selwer zou, dass hien den Dag exzessiv war.

De Johnny Depp huet sech beim Gericht entschëllegt, well hien d'Situatioun am Fliger falsch ageschat hätt.

Dat war awer net dat eenzeg wat de Fluch der Karibik-Star dem Paul Bettany geschriwwe soll hunn. Hien soll driwwer gespaasst hunn, d'Amber Heard ze verbrennen. Well Sie géint säin Alkohol-an Drogekonsum war huet hien an de Bettany d'Schauspillerin als Hexx bezeechent.

Hien huet och zougin, dass en jalous gewiecht wier géigeniwwer dem James Franco, dee mam Amber Heard den Film "The Adderall Diaries" du gedréint huet. Virun allem hätt hie sech onwuel gefillt, wann d'Amber Heard Filmzeene plakeg gefilmt huet.

Hien krut och virgeworf, senger Duechter Lily Rose-Depp mat 13 Joer Cannabis iwwerreecht ze hunn, wat hien zouginn huet.

D'Ausso, hien hätt dem Amber Heard säin Hond aus der Fënster vun engem fuerenden Auto gehalen an driwwer gespaasst de Mupp an d'Mikrowell ze stiechen, huet hie strengst ofgestridden.

Et goufen och Fotoe gewisen, wou allméiglech Exzesser vum Schauspiller ze gesi sinn.

En Donneschde sot den Schauspiller, hien wier wéinst senger Drogenofhängegkeet net kierperlech dozou fäeg gewiescht, d'Amber Heard verletzt ze hunn.

Den Johnny Depp huet bis elo bei all Fro ganz staark ofgestridden, jeemools mat senger Ex-Fra handgräiflech gewiescht ze sinn.