Dem John Travolta seng Fra, d'Kelly Preston, ass gestuerwen. Dat huet de Schauspiller e Sonndeg matgedeelt.

"Et ass mat schwéierem Häerzen, dass ech iech matdeele muss, dass meng Fra Kelly hiren 2 Joer laange Kampf géint de Broschtkriibs verluer huet", sou den John Travolta.

E Vertrieder vun der Famill huet matgedeelt, dass si e Sonndeg de Moie gestuerwe wier.

D'Schauspillerin war ënnert anerem bekannt fir Filmer wéi "Twins" (1988) mam Arnold Schwarzenegger oder "Jerry Maguire" (1996) mam Tom Cruise.

Si huet sech 1991 mam John Travolta bestuet. D'Koppel krut 3 Kanner, dovunner ass eent 2009 am Alter vun 19 Joer gestuerwen.