Iwwert dem Fueren ass eng Fra wéinst enger Runn aus dem Auto gesprongen, wouwéinst et duerno zu engem Accident koum.

Der Police no wier d'Insekt duerch d'Fënster an den Auto geflunn. Déi 50-Järeg Fra war esou erféiert, datt si aus dem Auto geflücht ass a vergiess huet, d'Gefier ofzesécheren.

Den Auto ass weidergefuer, ass d'Strooss erofgerullt, koum vun der Strooss of an ass dunn ee Rampli erop gefuer. Op der anerer Säit ass en de Rampli nees erofgerullt, fir an eng Mauer ze rennen. Dobäi huet den Auto eng sëllege Panneaue matgerappt. En ass op engem Stéck Wiss stoe bliwwen. Zum Gléck ware keng Foussgänger a keng aner Autoen ënnerwee an et gouf kee blesséiert.