De Prënz Harry a seng Fra Meghan Markle hunn zu Los Angeles eng Plainte gemaach, wéinst Verletzung vun der Privatsphär vun hirem Jong Archie.

De 14 Méint ale Jong gouf ouni Autorisatioun am Gaart vun der Koppel hirem Haus geknipst. D'Plainte ass géint onbekannt Paparazzien, bis ewell gouf net erausfonnt wien d'Fotoe gemaach huet.

Een oder méi Fotografen hätte Fotoe vum klengen Archie ugebueden, déi wärend engem ëffentlechen Ausfluch zu Malibu gemaach gi wieren. D'Famill bestreit awer erausgaangen ze sinn an d'Fotoe wieren op hirem Grondstéck heemlech vu bausse gemaach ginn. D'Fotografen hätten ënner anerem Drone benotzt, fir un d'Haus erunzekommen.

Ee kalifornescht Gesetz verbitt et, heemlech Fotoe vu Leit an hirer privater Wunneng oder hirem Grondstéck ze maachen, och wann een d'Fotoe vu bausse mécht.

De Prënz a seng Fra hu scho virdrun géint d'brittesch Press geklot a si kritesch de Medie géintiwwer. Ënner anerem hu si eng Plainte gemaach, well d'Boulevardzeitung Mail on Sunday Extraite vun engem Bréif verëffentlecht huet, deen d'Meghan Markle un hire Papp geschriwwen hat.

D'Koppel huet sech Enn Mäerz zum Deel aus dem Brittesche Kinnekshaus zréckgezunn a wunnt elo am US-Bundesstaat Kalifornien, dem Meghan Markle senger Heemecht.