Virop am Lockdown konnt een net einfach eraus op en Date goen. Online-Dating ass do eng einfach Alternativ, fir Leit kennen ze léieren.

De 24. Juli ass den Dag vun der virtueller Léift. Zemools a Corona-Zäite geet et der Online-Dating-Branche gutt.

D'Dating-App Tinder huet schonn den 29. Mäerz wärend dem Lockdown Rekordzuele geschriwwen. Bei der App, wou een um Smartphone lo lénks oder no rechts wësche kann, fir Kontakt mat engem User opzehuelen oder net, goufen op deem Dag 3 Billioune "Swipes" gemooss. A Groussbritannien zum Beispill si vu Februar bis Enn Mäerz 12% méi Konversatiounen op där App gefouert gi wéi virdrun. Och op aneren online Dating-Sitten huet den Trafic zougeholl.

Wann een net op Dating-Apps zréckgräife wollt an de perséinleche Kontakt am Lockdown gesicht huet, dann huet ee sech eppes anescht missen afale loossen.

Den amerikanesche Kënschtler Jeremy Cohen wollt zum Beispill net konventionell am Lockdown iwwer Online-Dating fueren. Hien huet vu senger Fënster aus um Daach vun engem aneren Haus eng Fra gesinn an huet sech all méiglech Saachen afale gelooss, fir u si ze kommen. Vu Message aus der Loft mat enger Dron, iwwer een Iessen iwwer Videokonferenz, bis zu engem Date a Persoun an enger opgeblosener Plastik-Kugel.

Dës Aktioun huet hien op Instagram an dräi klenge Videoe festgehalen.

View this post on Instagram

How to date a Quarantined Cutie, Part 3.

A post shared by Jeremy Cohen (@jermcohen) on