Schonn am Abrëll soll de Mel Gibson sech ugestach hunn.

Den australesche Schauspiller a Regisseur war, dem US-Magazin "People" no, eng Woch laang an engem Spidol zu Los Angeles. Mëttlerweil wier hien awer erëm gesond.

Zanter dass de Star aus dem Spidol raus ass, gouf hien e puer mol negativ op de Coronavirus an e puer mol positiv op Antikierper getest, sou ee Vertrieder vum Schauspiller. Wärend sengem Openthalt am Spidol krut de 64 Joer ale Mel Gibson d'Medikament Remdesivir vermëttelt, wat ursprénglech fir d'Behandlung vum Ebola entwéckelt gouf.