Bio als Symbol fir Ethik, ëmweltfrëndlech a gesond liewen. Ma wat stécht hannert dësem Label?

Bio ass mëttlerweil net méi just en Trend, ma eng Normalitéit fir Leit, déi bewosst wëlle liewen. An der biologescher Landwirtschaft steet déi natierlech an nohalteg Ubauensweis am Virdergrond. Hei geet et net nëmmen drëm, en héijen Ertrag an Ëmsaz ze maachen, mä virun allem ëm d'Erhalen vun den Ekosystemer an d'Wuelbefanne vun den Déieren. D'EU huet duerfir 2000 den EU-Bio-Label erausbruecht, deen d'Standarden definéiert fir d'Produktioun vu Liewensmëttel. Esou weess de Konsument zimmlech genee, wat e keeft an no wat fir enge Critèren et hiergestallt gouf. D'Haaptreegelen vun dësem Bio-Label sinn, dass op d'mannst 95 % vun den Ingredienten aus organescher Landwirtschaft stamen, keng genetesch manipuléiert Produiten benotzt ginn, genee definéiert ass, wéi vill Plaz d'Déieren an hire Ställ hunn a wéi vill Déieren maximum zesummen kënne gehal ginn.

Dat sinn déi Grondrichtlinnen, déi ee Bauerebetrib als EU-Bio-Bauer zertifiéieren. Zu Lëtzebuerg ginn et awer nach weider Etiquetten, déi ee Bio-Bauer kréie kann, wann e weider Mesuren a sengem Betrib anhält. D'Daniela Noesen, d'Direktesch vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft erkläert, wéi eng Zertifikater lëtzebuergesch Biobauere sech nach kënne verdéngen.

"Biobaueren zu Lëtzebuerg mussen all den EU-Richtlinnen nogoen. Wann een dann awer weider Efforte mécht, ginn et zu Lëtzebuerg mëttlerweil d’Etiquetten wéi "Bio Lëtzebuerg" oder "Demeter international", déi méi streng Richtlinne fir d'organesch Landwirtschaft virschreiwen. Hei organiséiere mir och d'Kontrolle fir d'Zertifizéierung vun de Betriber ze maachen. Da ginn et zu Lëtzebuerg och nach Betriber, déi bei der Bio-Bauere-Genosseschaft ugemellt sinn. Dat ass haaptsächlech fir d'Vermaartung vun de Produiten, déi dann mam Biog-Logo gekennzeechent sinn. Si sinn haaptsächlech fir Beräicher, wéi Kären, Bäcker, Eeër, etc. verantwortlech. Dann gëtt och nach ee Logo speziell fir Biofleesch, fir et hei zu Lëtzebuerg besser ze vermaarten."

Dacks gëtt déi organesch Landwirtschaft awer kritiséiert, dass se net genuch Ëmsaz maachen, fir d'ganz Bevëlkerung ze ernären an dass et dofir net méiglech wär, ganz op Bio-Landwirtschaft ëmzeklammen. D'Direktesch schéngt awer hei optimistesch fir Lëtzebuerg ze sinn:

"Ech muss soen, dass dat op alle Fall ee méiglechen Zenario wär. Mir hunn esou vill Contrainten, déi eis d'Natur virgëtt. Mir hunn eng Biodiversitéitskris, eng Klimakris, mir hu Problemer mat eiser Waasserqualitéit, awer och mat eise Biedem. Dat sinn alles Beräicher, wou de Bio-Landbau Léisungen ubitt duerch säi Bewirtschaftungssystem, fir méi am Kreeslaf ze schaffen a méi mat den natierleche Ressourcen ze schaffen an déi och ze schounen. E weidert Thema ass sécherlech d'Wuelbefanne vun den Déieren. Een Thema, wat mir ganz dacks diskutéiert hunn, zemools wann een am Beräich Fleesch kuckt, awer och Mëllechhaltung. Zemools d'Rëndvéihaltung gëtt zu Lëtzebuerg dacks an dësem Kontext ervirgehuewen. Dofir sinn dat Beräicher, wou ech mengen, dass de Bio-Landbau eis ganz vill Léisungen ubitt, well engersäits déi Naturkrisen, déi ech virdru genannt hunn, eis dozou zwéngen an op der anerer Säit hu mer awer och Konsumenten, déi ëmmer méi hannerfroe wéi eisen Ernärungssystem funktionéiert a wéi mer eise Planéit kënnen erhalen.

D'Daniela Noesen betount awer, dass den Ëmschwong zu 100% Biolandwirtschaft nëmme méiglech ass, wann d'Politik an d'Gesellschaft Efforte mécht, dëse Schratt ze maachen a sou eng Landwirtschaft ze bedreiwen wou Mënsch, Déier an Natur an Harmonie matenee liewen.