Nodeems den Institut Escale Beauté a Vitaly-Fit d'Dieren nees ophunn, sollen elo och d'Schwämm an d'Sauna nees opmaachen, dat mat neien Attraktiounen.

Wéinst der Pandemie war d'Schwämm an d'Sauna fir de Public komplett zou, sou dass niewent 3 neie Projeten an der Schwämm och gréisser Renovéierungsaarbechten, déi a sech fir am September geplangt waren, direkt matgemaach goufen. Dass d'Schwämmen dann awer schonn de 29. Mee d'Dieren duerften opmaachen, koum iwwerraschend an d'Aarbechten zu Stroossen/Bartreng waren nach net ofgeschloss.

Am Kader vum 10. Anniversaire vum "C.N.I. Les Thermes" sollen am sougenannte "Spraypark" 18 Waasser-Attraktiounen a Spiller hikommen. Heizou gehéiere Sprangbueren, "Urknall Paddelen", "Meteoritten" a "Weltraum-Schutzschiermer".

De Park ass virun allem fir Puppelcher a kleng Kanner konzipéiert. Dobäi kënnt dann och en neie Kiosk. Eenzegaarteg soll dann och eng sougenannte "Living Wall" am Grand-Duché sinn, eng Zort interaktiven Aquarium fir déi kleng Kanner.

Haaptattraktioun fir déi méi grouss Kanner dierft dann awer ouni Zweiwel d'"Space Shuttle"-Rutschban sinn, déi niewent den 2 bekannte Rutschen elo dobäi komm ass. 3 Leit kënnen uewe gläichzäiteg fortrutschen, zum Schluss gëtt d'Zäit gemooss an de Gewënner kann ermëttelt ginn.

Enn Juli, Ufank August soll d'Schwämm dann nees opgoen, d'Ouverture vun der Sauna an dem Wellnessberäich ass ofhängeg vun de Covid-19-Mesuren, déi sech ännere kënnen.

Hei méi Infoen zu den neien Attraktiounen!

Méi Infoen ginn et op der offizieller Homepage vu "Les Thermes".