Ausgerechent ee Bernhardiner misst an England op engem Bierg vu Secouriste gerett ginn.

D'Daisy war mat senge Meeschteren den héchste Bierg aus England, de Scafell Pike, erop gewandert. Mä bemol wollt se awer net méi erof. D'Daisy wier op eemol einfach stoe bliwwen an et wier onméiglech gewiescht, de 55 Kilo schwéieren Hond vun der Plaz ze beweegen. Wéi et awer ugefaangen huet, däischter ze ginn, hätt d'Koppel dunn decidéiert, Hëllef ze ruffen. Si hu gefaart, den Hond wier blesséiert a géing sech dowéinst net vum Fleck wëlle beweegen.

Am Ganze 16 Secouriste waren op der Plaz, déi dem Daisy eppes géint de Wéi ginn hunn an et schlussendlech de Bierg 5 Stonne laang erofgedroen hunn. Kuerz Zäit drop ass d'Daisy opgestanen a konnt erëm trëppelen. Et hätt sech bësse geschummt an hat d'Gefill, seng Cousinen aus den Alpe bëssen enttäuscht ze hunn, sou d'Secouristen.

Zanter Joerhonnerten hu Bernardhiner de Ruff, Lawinen-Affer virum Doud am Schnéi ze retten.