Zu Dongguan a China goufen um Campus Ox Horn vun Huawei 12 europäesch Stied nogebaut, dorënner och Lëtzebuerg.

Iwwer eng Streck vun 8 Kilometer fiert e rouden Zuch duerch déi nogebauten europäesch Stied. Vu Paräis iwwer Bruges, Oxford, Verona oder Budapest, net manner wéi 12 Stied oder Deeler vun hirer Architektur goufen um chinesesche Campus reproduzéiert. An och d'Stad Lëtzebuerg fënnt een zu Dongguan a China.

Am Video, deen e Méindeg op der Twitter-Säit vun Huawei publizéiert gouf, schwätzt d'Presentatrice vun enger "fairytale zone", déi vun natierleche Fielsen a stengene Maueren ëmginn ass, vu schmuele Stroossen a vun enger Stad, wéi aus engem Märchen.

Den Ox Horn Campus vun Huawei huet am Abrëll zejoert seng Dieren opgemaach. Ronn 25.000 Leit schaffen zu Dongguan an der Recherche an am Developpement.