U sech sollt dat 180 Kilo schwéiert Schwäin an Däitschland geschluecht ginn. De Bobby hat awer aner Pläng...

No 3 mësslongene Versich, hien an e Schluechtbetrib ze bréngen, gouf eng Entscheedung getraff, déi vill Déierefrënn freeën dierft: De Bobby dierf liewen.

Elo muss de Véierbeener awer selwer fir säin Iessen opkommen. An dat kascht net grad wéineg, wann ee bedenkt, dass hie stolzer 180 Kilo op d'Wo bréngt. Seng Bréidercher soll de Bobby an Zukunft als Petfluencer verdéngen. Fir en Instagram-Account gouf scho gesuergt. D'Bio-Bauerin Nadja Poppen sicht elo no Leit, déi dat 14 Méint aalt Schwénge finanziell ënnerstëtze wëllen. En neien Numm krut de Bobby och schonn, fir an där grousser Mass vu Petfluencer erauszestiechen: Graf Bobby von Sonnenschein.

Fir ee Joer Fudder ass emol gesuergt. Et hu sech eng Partie Mënsche gemellt, déi 10 Euro de Mount spenden. Fir och déi nächst Joren e glécklecht Liewen um "Bioland Hof Sonnenschein" an Däitschland féieren ze kënnen, muss sech de Bobby an de sozialen Netzwierker ustrengen an d'Mënschen dobausse verzauberen.

Mëttlerweil zielt hien 2.300 Follower. Eng iwwerschaubar Fan-Communautéit, wann ee bedenkt, dass de bekannteste Petfluencer, de Spitz Jiffpom, iwwer 10 Millioune Follower huet.