Grad bei den héichsummerlechen Temperaturen zitt et vill Leit zu Lëtzebuerg un de Stauséi, fir e gemittlechen Dag um Waasser ze verbréngen.

D'Police mellt e Freideg, datt scho mëttes d'Parkplazen zu Lëlz, Ënsber a Burfelt ausgelaascht sinn. D'Leit sollen op de gratis Parking "Am Kéilert" fueren. D'Police erënnert och dorunner, datt d'Parkplaze just bis 23 Auer op sinn.

© Police

Fir de ganze Weekend si keng Plaze méi um Stauséi disponibel. D'Leit sollen och net probéieren, vläicht awer eranzekommen.

Och um Baggerweier zu Remerschen brauch een eng Online-Reservatioun. Et gi just 1.500 Plazen. Fir e Freideg a Samschdeg sinn d'Plazen och schonn all ausgebucht. Just fir e Sonndeg ginn et nach e puer Plazen.