Keng Mask, dofir awer vill Béier: Bis Enn August kann een zu Qingdao iwwer 1.500 Zorte Béier schmaachen.

Mat Hëllef vun enger Partie Restriktiounen a Lockdownen krut een a China d'Verbreedung vum Coronavirus ënner Kontroll. Fir de Wee zeréck an d'Normalitéit ze feieren, gouf "Beer City", déi chineesesch Variant vum Oktoberfest, de Weekend lancéiert.

Zesummen e Pättche mat Kolleegen drénken a kee Mond- an Nueseschutz mussen unhunn: Dat ass an der Provënz Shandong méiglech. Ma ganz "corona-fräi" ass dëst Evenement awer net. Beim Personal ass de Mask obligatoresch a Visiteure kréie Féiwer gemooss. Och importéiert Béier-Containere goufen op de Virus getest an desinfizéiert. Anescht wéi 2019 gouf d'Capacitéit dëst Joer op 30% Visiteure reduzéiert, fir e séchert Feieren ze garantéieren.

E Méindeg goufen a China 43 nei confirméiert Fäll gemellt.