Am Prisong Welikada op Sri Lanka gouf eng Kaz festgeholl, well se Drogen a SIM-Kaarte geschmuggelt huet.

D'Polizisten hätten e Samschdeg 2 Gramm Heroin, 2 SIM-Kaarten an 1 Späicherkaart an enger klenger Plastikstut fonnt, déi d'Kaz ronderëm den Hals mat sech gedroen huet.  D'Kaz gouf du festgeholl an an engem Raum agespaart. E Sonndeg war d'Déier awer net méi do. Eng Stellungnam vun den Autoritéiten aus dem Prisong gouf et bis ewell nach net.

Déi lescht Woche war opgefall, dass ëmmer méi Handyen, Drogen oder Kabelen iwwert d'Mauere vum Prisong geworf goufen.

Schonn d'lescht Woch hat d'Police op Sri Lanka een Adler confisquéiert, deen Droge soll geschmuggelt hunn.