Nächst Joer am Fréijoer wëll d'Weltraum-Entreprise eng éischte Kéier Touristen an den All fléien.

Den éischte Weltraum-Tourist soll de brittesche Milliardär Richard Branson sinn, huet d'Firma Virgin Galactic e Méindeg wësse gedoen.

Fir den Hierscht sinn 2 bemannte Volle virgesinn. Wann dës Testflich wéi geplangt verlafen, kéint de Branson seng Rees am éischte Quartal vum Joer 2021 untrieden an de kommerzielle Weltraum-Tourismus säi Laf huelen.

© Virgin Galactic/The Spaceship Company/AFP/Handout

Mat enger Mëschung aus Rakéit a Fliger sollen d'Passagéier an de Weltall transportéiert ginn. En eemolegt Erliefnis: Bannent puer Minutte kënnen d'Leit u Bord duerch déi grouss Fënstere kucken an d'Äerd aus engem ongewinnte Wénkel betruechten. Wéi Virgin Galactic selwer matdeelt, hätte sech bis ewell iwwer 600 Interessenten aus 60 Länner gemellt an hire Vol an den All gebucht.

Dësen innovative Projet hat an der Vergaangenheet ëmmer nees mat Komplikatiounen ze kämpfen. 2014 ass e Co-Pilot bei engem schwéieren Accident ëm d'Liewe komm.