Si waren onzertrennlech an hire Joren am Zoo vu Los Angeles. Well si al waren an de Gesondheetszoustand net zum beschte stoung, goufe si zesummen erléist.

Den Hubert an d'Kalisa sinn esou gestuerwen, wéi si gelieft hunn: Säit u Säit.

"Mat schwéierem Häerze musse mir de Verloscht vun eiser Léiwe-Koppel matdeelen", sou schreift den Zoo an enger offizieller Erklärung. De schlechte Gesondheetszoustand vun de Léiwen hätt hir Liewensqualitéit massiv verschlechtert. Si goufen 21 Joer al.

Si wieren eng ganz besonnesch Koppel gewiescht an e symboleschen Deel vum Zoo. Et wier een immens ergraff beim Personal iwwert déi loyal Partnerschaft tëscht béiden Déieren.

Den Hubert, dee knapp e Mount méi jonk war wéi seng Partnerin, ass am Zoo zu Chicago op d'Welt komm. D'Kalisa koum Enn 1998 am Woodland Park Zoo zu Seattle op d'Welt, do, wou d'Koppel sech eng éischte begéint ass. 2014 ass déi onzertrennlech Koppel dunn an den Los Angeles Zoo geplënnert, Nowuess kruten déi zwee trotz hirer laanger Partnerschaft awer ni.