An der mexikanescher Stad Puerto Morelos war dës Lescht en onerwaarte Gaascht op der Plage zu Besuch.

Wéinst der Corona-Pandemie sinn d'Plagen zu Puerto Morelos nach zou, wat vill Waasserraten awer net dovun ofhält, an der Sonn ze brutzelen a sech am Mier ofzekillen. An dat matten a Corona-Zäiten.

Fir d'Leit awer drun z'erënneren, dass d'Situatioun den Ament kritesch ass a Mexiko an een nach laang net iwwert de Bierg ass, huet e Mann decidéiert, sech als Doud ze verkleeden. Op dës Manéier wollt hien d'Leit op déi gréisste Gefor opmierksam maachen, déi vum Coronavirus ausgeet: Nämlech ze stierwen.

Léiwer der Allegorie um Strand begéinen, ewéi dem richtegen Doud an der Klinik. An dowéinst soll een oppassen, sech net unzestiechen.

D'Iddi, déi hannert dëser Aktioun stécht, ass net nei. Schonn am Mee hat sech een amerikaneschen Affekot verkleet, fir géint d'Ouverture vun de Plagen a Florida ze protestéieren. D'Plagë wieren effektiv ganz attraktiv, awer net esou attraktiv ewéi eng corona-fräi Welt.