Si géif matten an der Nuecht erwächen, well si sech Suerge mécht oder well si sech erdréckt spiert. Dëst sot déi fréier First Lady an hirem Podcast.

D'Michelle Obama, d'Fra vum fréiere President Barack Obama, sot, datt d'Corona-Pandemie, de Rassismus an d'Presidentschaft vum Donald Trump hir géife Suerge maachen. Dowéinst géif si un enger Form vun liichten Depressioune leiden.

Si géif sech midd fillen a wier es virop midd, den alldeegleche Rassismus géint Afroamerikaner an d'Schäinhellegkeet vun der aktueller US-Regierung z'erliewen. Et wier ee schwéiert, erdréckend Gefill, dat si an hirem Liewen scho laang net méi hat. An der Pandemie an an dësen Zäite fënnt si et dofir ëmsou méi wichteg, eng Routine ze hunn a sech selwer ze kennen, fir ze wëssen, wat engem erëm Freed mécht.

Iwwer dëst Thema huet si an der zweeter Episod vun hirem neie Podcast "The Michelle Obama Podcast" geschwat. D'Ex-First-Lady féiert do mat bekannte Gesiichter méi labber Gespréicher iwwer d'Aktualitéit an d'Welt. An dëser zweeter Episod war d'US-Journalistin Michele Norris zu Gaascht. Fir déi éischt huet si sech mat hirem Mann, dem fréiere President Barack Obama, ënnerhalen.