Den Alpinist Leo Houding ass mat senger Fra, sengem 7 Joer ale Meedchen a sengem 3 Joer ale Jong op de Pizzo Badile an der Schwäiz geklommen.

Dat klengt Freya ass warscheinlech dat jéngste Meedchen, dat bis ewell selwer op den 3.300 Meter héije Bierg geklommen ass. Mat just 7 Joer huet hatt an 3 Deeg mat sengem Papp, senger Mamm a sengem Brudder d'Spëtzt vum Pizzo Badile erklommen.

De jéngste Member vun der brittescher Famill ass nach méi jonk an huet eréischt 3 Joer. Den Jackson ass awer um Réck vu senger Mamm transportéiert ginn an ass just ee klengen Deel selwer getrëppelt. D'Freya ass dogéint déi ganz steil Biergwand tëscht der Schwäiz an Italien selwer eropgeklotert.

Op de soziale Medien huet den Alpinist a stolze Papp Fotoe vum Ausfluch gepost.

This proud Dad celebrated his 40th birthday in the summit Bivi hut of the Piz Badile, (3308m) following a family ascent...

Posted by Leo Houlding on Saturday, 1 August 2020

D'Famill vum professionelle Biergsteiger Leo Houlding huet wärend dem Tour an Hütten an och an Zelter geschlof, dës hat de Familljepapp zesumme mat Iessen an engem Rucksak um Réck. De Bierg ass net iwwerall einfach ze erklammen, 2004 sinn zwee Alpiniste bei enger Chute gestuerwen.

Op sengem Instagram-Post schreift den Alpinist mam Hashtag #kidsarestrongerthanyouthink, also, datt Kanner méi staark sinn, wéi ee mengt. Dovunner ass awer op de soziale Medien net jiddereen iwwerzeegt. Op Twitter gouf de Familljepapp deels hefteg kritiséiert.

Deen een nennt den Ausfluch ze geféierlech an irresponsabel vun den Elteren, deen anere seet, datt Kanner sech éischter wéi doe kéinten an datt et och hätt kënne schlecht ausgoen. Aner Leit widderspriechen där Meenung a fannen dëst eng couragéiert a gutt sportlech Experienz fir d'Kanner. Dacks gëtt och ënnerstrach, datt de Papp jo ee Profi ass.