Schwéier bewaffent FBI-Beamte hunn e Mëttwoch de Moien a Kalifornien d'Haus vum Star duerchsicht, deen ëmmer nees negativ opfält.

Op Opname vu verschidden US-Medien gesäit een, wéi d'FBI-Agenten eng Abberzuel u Schosswaffen aus der Villa droen. D'Haus wier duerchsicht ginn, wéi de jonke Mann net doheem war, sou säin Affekot.

Den 22 Joer ale Youtuber huet méi wéi 20 Milliounen Abonnenten. Am Mee war scho géint hien ermëttelt ginn, well hie wärend Anti-Rassismus-Protester an Arizona an engem ausgeraiberten Akafszentrum gesi gouf.

Dem Jake Paul säin Affekot huet ausgesot, dass säi Client bereet wier mat den Autoritéiten ze kooperéieren. Scho virun engem Mount krut de jonke Star eng ëffentlech Rüg vum Buergermeeschter vu Calabasas, Promi-Quartier bei Los Angeles, well hie seng Promi-Nopere mat senge Privatparties genervt hat.

Op sengem Youtube-Kanal beschreift hie seng Aktivitéit als "witzeg Videoen, Schauspill, Actionsport a verréckt Aventuren". Säin eelere Brudder de Logan Paul ass och Youtuber an huet esouguer 2 Milliounen Abonnente méi wéi den Jake. Och de Logan Paul war viru puer Joren negativ opgefall, wéi hien a Japan ee Video an engem Bësch gedréint huet an do eng Läich fonnt a gefilmt huet. Doropshi huet de Youtuber de Ball eng Zäitche musse flaach halen.

Den 12. September soll den Jake Paul virum Kampf Mike Tyson géint Roy Jones Jr, selwer an de Ring klammen, fir géint den Ex-NBA Spiller Nate Robinson ze kämpfen.